
Um klar zu sehen, genügt oft ein Wechsel der Blickrichtung.
Antoine de Saint-Exupéry
Dat war schon ëmmer mäi Liewensmotto. Ech war a sinn ëmmer am Wandel, änneren also oft meng Bléckrichtung an dat spigelt sech och a menge Weiderbildungen erëm. Ganz klassesch hunn ech no mengem Bac ugefaange mat schaffen, hunn deemools schon op verschidde Plazen als Sekretärin geschafft. Ech wousst awer dat war net mäi Wee an hu mäin éischte Wandel gemaach a sinn nach emol an d’Schoul gaangen an hu Sozialpädagogik studéiert. Do hunn ech mech direkt „doheem“ gefillt. Dat war meng Basis an ech hu bal 20 Joer an dësem Beruff geschafft.
Wärend dëser Zäit hunn ech gemierkt dat Sozialpädagogin ee gudden Ufank war, mee et do nach aner Méiglechkeete gi fir de Mënsche ze hëllefen. Esou hunn ech eng sëlleg Weiderbildungen um Niveau „Schoul a Kanner“ gemaach, wou der ee puer mäi Wandel ënnerstëtzt hunn: léisungsorientéiert Sträitschlichter (2009), Gewaltpreventioun-Training Faustlos (2009), een diagnostesche Bléck mat verhalensopfällege Kanner (2010/2011).
Dës Weiderbildung waren all positiv an hu mech an eng gutt Richtung gefouert, mee ech wosst datt geet nach net déif/weit genuch an du sinn ech duerch Zoufall op d’Weiderbildung „prozessorientéiert Opstellungsaarbecht (2013-2015)“ gestouss. Dat war eng Weiderbildung iwwert 2 Joer an ech hu gemierkt wéi mäi Liewen sech gewandelt huet. Ech hunn awer och mäi Wandel gespigelt kritt vu Famill a Frënn. Ech wosst „jo, dat heiten ass de richtege Wee fir mech!“ an esou hunn ech ugefaange gezielt no Weiderbildungen ze sichen déi mech weider an dës Richtung bruecht hunn. Esou hunn ech eng Weiderbildung zum Thema „inneres Kind“ (2017) gemaach, sinn NLP-Practitioner an NLP-Master (2017/2018/2019) ginn, hunn de Marburger Konzentratioun- a Verhalenstrainer (2017/2018) gemaach, si Seminarleiterin (2020/2021) bei familylab ginn, déi no de Richtlinne vum Jesper Juul schaffen, hunn d’Weiderbildung als Lerncoach (2024) gemaach a hunn d’Ausbildung fir „EMDR-Coach“ (2025) ofgeschloss.
Duerch all dës Weiderbildunge sinn ech net méi déi Persoun, déi ech emol war a muer sinn ech net méi déi, déi ech haut nach sinn. Ech verännere mech stänneg an dat ass gutt esou. Sou kommen ech virun, sou kann ech déi bescht Versioun vu mir selwer ginn.
A ménger eegener Praxis begleeden ech Mënschen, op kleng oder grouss, ee Stéck op hirem individuelle Wee. Ech freeë mech op dech. Dofir mell dech gäre bei mir, datt mir mat dengem Wandel kënnen ufänken.
Léif Gréiss,
Diane