
EMDR
EMDR ("Eye Movement Desensitization and Reprocessing") ass eng psychotherapeutesch Method, déi hëlleft traumatesch Erfarungen ze veraarbechten. Si gouf an den 1980er Joren vun Dr. Francine Shapiro entwéckelt an schafft mat bilateraler Stimulatioun, z. B. duerch Aen-Beweegungen. EMDR baséiert op der natierlecher Fäegkeet vum Mënsch, Informatiounen ze verschaffen. Studien hu gewisen, datt ongeféier 80 % vun de Leit mat enger einfacher posttraumatescher Stéierung scho no e puer Sëtzungen eng grouss Entlaaschtung spieren.
EMDR gëtt net nëmme bei posttraumatesche Belaaschtungsstéierungen agesat, mee och bei ville weidere psycheschen a kierperleche Problemer wéi Angscht- a Panikstéierungen, Glawenssätz, Phobien (z. B. Prüfungs- oder Fluchangscht), Trauer, Schlofstéierungen, chronesche Schmäerzen, Tinnitus, Allergien, Stress, Burnout, Selbstwäertzweifel, Leeschtungsblockaden, Gebuertstraumata, Depressiounen an no belaaschtende Liewenssituatiounen (z. B. Accident, Trennung oder Mobbing). Och kierperlech, sexualiséiert oder emotional Traumata kënnen op dës Manéier behandelt ginn.
Wichteg ass, datt EMDR nëmme vun qualifizéierte Fachleit mat spezifescher Ausbildung duerchgefouert gëtt, fir eng sécher an effektiv Behandlung ze garantéieren.
EMDR - Asatzgebitt:
Angscht an Panikstéierungen
Blockéierend Glaawenssätz
Phobien, z.B. Prüfungs-, Flug-, Héich-, Déierenangscht, Klaustrophobie
Trauer no Verloschterliewnisser
Schlofstéierung
Chronisch Schmerzen
Tinnitus
Allergien
Stressbewältigung
Burnout
Selbstwertzweifel
Leeschtungsblockaden
Gebuertstraumaten
Depressiounen
Auswirkungen vu belaschtenden Liewenssituatiounen, z.B. Accident, Dout vun engem Familjenmember, Trennung, Mobbing, Verloscht vun der Arbeschtsplaz
Kierperlesch, sexualiséiert oder emotional Traumata
Traumatisch Erliefnisser