Systeemesch Berodung

Am Laf vun dengem Liewen hues de vill Erfarunge gemaach - e puer ware stäerkend a motivéierend, anerer vläicht verletzend oder hemmend

Sou Erfarungen hannerloosse Spueren: Si forméieren Iwwerzeegungen, déi oft onbewosst an dir wierken a Afloss hunn op deng Entscheedungen, Bezéiungen oder déi Selbstbild

An der systeemescher Aarbecht kucke mir zesummen - mat Respekt an Oppenheet - op des bannenzeg Musteren.

Mir kucke vu wou se kommen a mir entscheede wéi eng dir haut nach déngen - a wéi engs de vläicht wills hanner dir loossen.

Esou entsteet Plaz fir nei Perspektiven, fir méi Kloerheet a fir di nächst passend Schrëtt an dengem Liewen.