
Prozessorientéiert Systeemopstellung
Eng Systeemopstellung hëlleft, déi onsichtbar Dynamiken an enger Famill oder an engem Team besser ze verstoen. Heiansdo hu mir Problemer oder Gefiller, déi mir net erkläre kennen - mee si beaflossen eis staark.
Bei enger Opstellung bréngt eng Persoun en Thema mat. De Coach hëlleft, dat méi kloer ze gesinn. Duerno gi Figuren oder Mënsche fir Familljememberen oder aner Elementer opgestallt - esou wéi d'Persoun et aus dem Bauch eraus spiert.
Duerch déi Opstellung gi Bezéiungen, Konflikter oder al Mustere sichtbar. Kleng Verännerunge kennen nei Léisungen a mei Lichtegkeet bréngen.
D'Persoun steet dobäi ëmmer am Mëttelpunkt - mat hire Gefiller, Froen a Wënsch. D'Method gëtt nëmme vu Fachleit ugewannt, déi doranner ausgebilt sinn.