Mäin Angebot

Ech begleede Mënschen an erausfuerderende Situatioune mat Respekt, Empathie a Fachwëssen. Am Fokus sti Wuesstem, Verännerung an d'Entwécklung vun neie Perspektiven. Meng Aarbecht baséiert op engem systeemeschen, ressourcenorientéierte Verständnis vum Mënsch a senge Bezéiungen.

  • D’Eischtgespréich vun 30 Minutten ass gratis

Et déngt dozou, sech kennenzeléieren a gemeinsam ze kucken, wat passend a méiglech ass.

  • Coaching

Zilorientéiert Begleedung a Verännerungsprozesser - privat oder beruflech. Mir schaffen mat dengen Ressourcen a kucken no konkreten Handlungsméiglechkeeten bei perséinlechen, beruflechen oder familiäre Froestellungen.

60 Minutten - 120 €

  • Systeemesch Berodung

Hei steet d’Relatioun an de Kontext am Mëttelpunkt: Wat wierkt? Wat spillt (onbewosst) mat? D’systeemesch Berodung hëlleft dobäi, Musteren ze erkennen, Dynamiken ze verstoen a nei Weeër opzemaachen.

60 Minutten - 120 €

  • Lerncoaching

Fir Kanner, Jugendlecher oder Erwuessener - fir méi Struktur, Vertrauen a Motivatioun beim Léieren.

60 Minutten - 120 €

  • Paarberodung

Plaz fir zwee Menschen. Fir nees an d’Gespréich ze kommen, Konflikter ze verstoen a Bezéiung op Aenhéicht ze gestalten an stäerken.

60 Minutten - 120 €

  • Systeemesch Opstellungen

Als Eenzel- oder Gruppesetting - fir dynamesch an onbewosst Zesummenhäng siichtbar ze maachen an nei Léisunge kennen zouloossen.

Eenzelsetzung - 90 Minutten - 150 €

Gruppesetting - 90 Minutten - 90 € pro Persoun

  • EMDR (Eye Movement Desensitization and Reprocessing)

Wëssenschaftlech fundéiert Method fir d' Veraarbechtung vu belaaschtende Erliefnesser a Blockaden. Roueg, sécher an traumasensibel.

90 Minutten - 150 €