Coaching

Ee bessi Theorie: De Begriff Coach kennt vum Engleschen a bedeit Kutsch - eng Hellef, fir vu Punkt A op Punkt B ze kommen. Coaching ass also eng Entwécklungsbegleedung, bei där de Coachee säin Zil setzt an de Coach als neutrale Begleeder ennerstëtzt.

Et geet em "Hëllef zur Selbsthëllef". Coaching helleft bei Erausfuerderungen, Konflikter oder wichtegen Entscheedungen - am Alldag oder am Beruff. De Coach liwwert keng fäerde Léisungen, mee helleft mat passende Methoden, fir Kloerheet, Struktur an eege Schrëtt z'entwéckelen.

Et ass en zilgerichten, léisungsorientéierte Prozess, dee Selbstreflexioun a perséinlech Entwécklung fërdert. Et geet dorëm, Denk- a Verhalensmuster ze verstoen an néi Weeër opzebauen. Am Zentrum steet d'Iwwerzeegung, dass all Mënsch déi néideg Ressource scho matbrengt.

Mäin Coaching ass ganzheetlech: kognitiv, emotional a systeemesch. Ech schaffen ee séchere Raum fir Verännerung, wou Ziler kloer definéiert, Hindernisser iwwerwonnen a nohalteg Léisungen entwéckelt ginn.