Wann Gespréicher eskaléieren oder verstommen, wichteg Themen net méi ugeschwat ginn oder ëmmer d‘selwecht verlafen, kann eng neutral Begleedung hëllefräich sinn.
An der Paarberodung bidden ech iech e geschützte Kader, wou jidderee säi Bléckwénkel ausdrécke kann. Mir kucken zesummen op d‘Interaktioune, déi iech prägen, an op déi Ressourcen, déi nach do sinn – och wann se momentan net direkt siichtbar sinn.
D’Zil ass net, séier Léisungen ze fannen, mee zesummen ze verstoen, wat wierklech hanner de Konflikter stécht – a wéi een nees a Verbindung komme kann: mateneen an och mat sech selwer.
Meng Aarbecht zielt dorop, iech dobäi ze ënnerstëtzen, méi Versteesdemech ze gewannen, festgefuere Muster z’erkennen a nei Weeër opzemaachen – individuell a gemeinsam. Egal ob et ëm en Neistart geet, ëm Orientéierung oder ëm Entscheedungen: Är Froen a Gefiller hunn hei Plaz.