Coaching

Hilfe zur Selbsthilfe

Coaching

EMDR

Lern-coaching

Paarberodung

Mäin Angebot

System-opstellung

Systeemesch Berodung

Iwwert mech

Kontakt

„Nichts ist so beständig wie der Wandel.“ — Heraklit von Ephesus.

Häerzlech wëllkomm op menger Säit!

Ech freeë mech immens, datt s du de Wee heihinner fonnt hues. Dat war deen éischte Schratt - komm mir ginn der zesummen nach e puer méi.

Wat mech undreift, sinn d'Begéinunge mat Mënschen. Meng Praxis zu Wäicherdang bitt mir déi perfekt Geleeënheet, Mënschen an hirer perséinlecher Entwécklung ze begleeden an hir eege Ressourcen z'aktivéieren. Mäin Zil ass et, Prozesser unzestoussen a gemeinsam mat dir däi Potenzial weider auszebauen.

Ech wëll Mënsche stäerken, si encouragéieren, nei oder aner Weeër anzeschloen, an si dozou invitéieren, e Perspektivewiessel ze woen. Dobäi entdecken an entfale mir zesumme Strategien, déi dir hëllefe kënnen, däi Liewe méi bewosst a méi erfëllt ze gestalten.

Heiansdo sinn eis Ressourcen déif verstoppt oder vu ville Erliefnesser iwwerlagert. Ech freeë mech drop, zesumme mat dir dës wäertvoll Ressourcen z'entdecken, z'entfalen an auszeprobéieren.

Jeder Mensch trägt bereits alle notwendigen Ressourcen für Veränderung in sich!

Als Fra, Mamm, Partnerin, Duechter, Schwëster, Frëndin a Mënsch stinn ech all Dag virun Erausfuerderungen an hunn o musse léieren, mat deenen ëmzegoen. Meng Ausbildungen hu mir dobäi gehollef a mir wäertvoll Instrumenter un d'Hand ginn. Wann s du méi doriwwer gewuer wëlls ginn, invitéieren ech dech häerzlech hannert de Fotoe weider Informatiounen z'entdecken.

Wann dech dës Zeilen uspriechen, zéck net, mech ze kontaktéieren - sief et iwwert de Formulaire, per E-Mail oder telefonesch. Du wäers sécher e Wee fannen, mech z'erreechen. Ech freeë mech drop, vun dir ze héieren oder ze liesen.

Bis dohinner wënschen ech dir alles Guddes!

Diane